Ausstellungsoffer

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ – Ausstellungsoffer vum ZLS

Ënner dem Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ proposéiert den ZLS eng divers Ausstellungsoffer.
Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. Déi komplett Ausstellungsoffer versteet sech dofir och als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

Zu der Ausstellungsoffer vum ZLS gehéieren:

  1. eng Wanderausstellung
  2. e Website
  3. eng hybrid Ausstellung

Detailléiert Informatiounen iwwer dës dräi Elementer fannt Dir heidrënner.

1. Wanderausstellung

Wat ass d’Wanderausstellung?

D’Wanderausstellung besteet aus dräi grousse Modüller, déi kënnen opgeklappt an ausgestallt ginn. Se gouf am Juni 2023 presentéiert a zënterhier schonn op Dosende vu Plazen zu Lëtzebuerg an am noen Ausland gewisen.

An deenen dräi Haaptstatioune ginn déi follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säin eegenen Apparat – Smartphone oder Tablet – ka matmaachen.

A wéi enge Sproochen ass d’Wanderausstellung?

D’ Wanderausstellung ass véiersproocheg: All d’Inhalter sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Wat ass d’Zilgrupp vun der Wanderausstellung?

D’Wanderausstellung gouf fir e Public zu Lëtzebuerg konzipéiert, dee scho minimal Virkenntnisser iwwer d’Land a seng Sproochsituatioun huet.

Informatioune fir Schoulen

D’Ausstellung eegent sech gutt, fir an de Lëtzebuergesch-Cours op der 4e integréiert ze ginn. Et gouf do dernieft och e pedagogesche Koffer ausgeschafft, mat deem e Rallye mat de Kanner aus dem Cycle 4 ka gemaach ginn – och wann d’Inhalter vun der Wanderausstellung a priori net speziell fir Kanner konzipéiert goufen.

Praktesch an technesch Informatiounen

D’Wanderausstellung kann aus praktesche Grënn just zu Lëtzebuerg gewise ginn. Et gëtt heifir och verschidde Konditiounen:

  • min. 120 m2 Ausstellungsfläch mat Steckdousen;
  • Dieren, Lifter etc. musse grouss genuch sinn, fir datt déi eenzel Modüller kënnen op d’Plaz transportéiert ginn (190 x 190 x 96 cm, ca. 350 kg);
  • et muss en ëffentleche Wifi-Reseau fir d’Visiteuren existéieren;
  • den Accès zum Handyreseau (4G oder LTE) muss garantéiert sinn;
  • d’Ausstellung muss mindestens eng Woch ausgestallt bleiwen.

2. Website

Wat ass de Website?

Um Website fënnt een eng online Ausstellung. De Site ass eng Weiderféierung vun der Wanderausstellung a gouf mat zousätzlechen Informatioune komplettéiert; verschidden interaktiv Elementer goufen nach weider ausgebaut.

A wéi enge Sproochen ass de Website?

De Site ass fënnefsproocheg: All d’Inhalter kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch opgeruff ginn.

Wat ass d’Zilgrupp vum Website?

De Site gouf mat Bléck op méi en internationale Public konzipéiert. D’Texter a verschidden Inhalter goufen esou ugepasst, datt och Leit ouni Virkenntnisser vum lëtzebuergesche Kontext oder der Lëtzebuerger Sprooch kënnen dervu profitéieren.
Do dernieft erlaabt de Website och deene Leit, déi sech net kënnen deplacéieren, am digitale Raum vun der ZLS-Ausstellungsoffer ze profitéieren.

Informatioune fir Schoulen

Verschidden Interaktiounen, wéi z. B. den ausgebauten Dialektquiz, eegne sech gutt, fir an e Lëtzebuergesch-Cours agebaut ze ginn.

Praktesch an technesch Informatiounen

De Site ass gratis a vun iwwerall op der Welt accessibel: https://sproochen-expo.lu/

3. Hybrid Ausstellung

Wat ass déi hybrid Ausstellung?

Déi hybrid Ausstellung besteet aus enger Kombinatioun vun den digitalen Inhalter vum Website a vu physesche Supporten: 11 Elementer, déi 7 Theemae verdéiwen, dorënner zwee komplett Neier – de Lëtzebuerger Schoulsystem an de Sujet vun der Migratioun.

De materiellen Deel kann a Form vu Posteren an/oder Roll-uppe gewise ginn. Hei kritt de Public e breeden Iwwerbléck vum lëtzebuergesche Kontext – dat ass besonnesch fir en internationale Public vu Virdeel.

A wéi enge Sproochen ass déi hybrid Ausstellung?

D’Postere respektiv d’Roll-uppe sinn eesproocheg. Et kann een awer aus fënnef Sprooche wielen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Wat ass d’Zilgrupp vun der hybrider Ausstellung?

Déi hybrid Ausstellung gouf fir en internationale Public konzipéiert. Se kann iwwerall op der Welt gewise ginn, vu datt déi physesch Elementer op der Plaz kënne produzéiert ginn (als Roll-up an/oder als Poster).

Praktesch an technesch Informatiounen

Et ginn am ganzen 11 physesch Elementer, déi 7 Theemae verdéiwen. Déi physesch Elementer ginn als Drockfichieren zur Verfügung gestallt a kënnen op A0-Posteren oder op Roll-uppen (85 cm x 200 cm) produzéiert ginn. Et ass méiglech, just eng Selektioun vun den Theemaen ze weisen, falls et u Plaz sollt feelen.

Déi physesch Elementer sollen am Idealfall zesumme mam Site gewise ginn: Se funktionéiere complementaire, virun allem, wann aus Plazmangel déi physesch Elementer net all kënnen opgestallt ginn. De Site ka mat Hëllef vu Computeren, Laptoppen, Tabletten oder z. B. engem Standing-Touchscreen gewise ginn.

Dir wëllt méi iwwer eis Ausstellungsoffer gewuer ginn?
Da kontaktéiert eis op der Adress: expo@zls.etat.lu