Toolen

Hei fannt Dir eng Iwwersiicht vun den Toole vum ZLS, déi den Ëmgang mat der Sprooch méi einfach maachen:

Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)

Den LOD dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch. Et fënnt een Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch an och Audioopnamen. Beispillssätz, Synonymmer an Infoboxen hëllefen, d’Sprooch besser ze verstoen. Bei villen Artikele gëtt et Videoe mat enger Iwwersetzung an d’Gebäerdesprooch.

Spellchecker

Mam Spellchecker kann een d’Schreifweis vun de Wierder a lëtzebuergeschen Texter kontrolléieren a verbessere loossen.

Sproochmaschinn

D'Sproochmaschinn erméiglecht souwuel d’Verschrëftleche vu geschwater Sprooch (Speech-to-Text) wéi och d’Virliese vu geschriwwenem Text (Text-to-Speech) op Lëtzebuergesch.
Fir d’Transkribéierung vun Text kann een eng Audiodatei eroplueden oder einfach an de Mikro schwätzen.

Orthotrainer

Mam Orthotrainer kann ee seng orthografesch Kenntnisser op Basis vun engem Léierparcours mat iwwer 400 Exercicer trainéieren a sech déi orthografesch Reegelen och separat ukucken.