Aktualiséiert den
Den ZLS
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ass eng staatlech Institutioun, déi dem Kulturministère ënnersteet. E gouf duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gegrënnt.
Den ZLS dréit zur Ëmsetzung vun der Lëtzebuerger Sproochpolitik bäi, andeem en am Beräich vun der Sprooch an der Sproochesituatioun informéiert a beréit.
Zum ZLS sengen Aktivitéite gehéieren ënner anerem:
- d’Festleeën an d’Publizéiere vun de Reegele vun der Lëtzebuerger Orthografie,
- d’Formuléiere vu Recommandatiounen zu linguisteschen Aspekter vum Lëtzebuergeschen,
- d’Ausschaffe vu linguisteschen Outilen, déi reegelméisseg aktualiséiert ginn,
- d’Beäntwere vu Froen, déi déi verschidden Aspekter vun der Lëtzebuerger Sprooch betreffen, an
- d’Ausschaffe vun Ausstellungen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Villfalt, iwwer d’Méisproochegkeet an d’Sproochesituatioun am Grand-Duché an an der Groussregioun.
Am Zenter gëtt d’Sprooch dokumentéiert, promovéiert, beschriwwen an – an de Beräicher, an deenen et méiglech ass – och norméiert.