Bicher

Hei fannt Dir eng Iwwersiicht vun de Publikatioune vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Dir kritt dës alleguer an de Librairien ze kafen, ausser D’Lëtzebuerger Orthografie, déi Dir als PDF op dësem Site kënnt consultéieren oder (gratis) bei eis kënnt als Buch bestellen iwwer info@zls.etat.lu.

Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“

  • Band 8
    Vun Dräibiz bis Vullemätti – 117 Frechheeten, déi sëtzen
    ISBN 978-2-9199644-8-2, 96 Säiten, 12,50 Euro
  • Band 7
    Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen – 248 Wierder a Spréch queesch duerch den Déieregaart
    ISBN 978-2-9199644-7-5, 96 Säiten, 12,50 Euro
  • Band 6
    Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels – 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s
    ISBN 978-2-9199644-6-8, 96 Säiten, 10 Euro
  • Band 5
    Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder
    ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 Säiten, 10 Euro
  • Band 4
    Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
    ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro
  • Band 3
    Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
    ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 Säiten, 10 Euro
  • Band 2
    D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
    ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro
  • Band 1
    Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
    ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro
Serie Lëtzebuerger Wuertschatz
© ZLS

Lëtzebuerger Sproochatlas – Alain Atten, Claude Schmit

  • Band I : Laut- a Formenatlas
    ISBN 978-2-9199644-0-6
    Wéi gouf – a wéi gëtt deelweis nach ëmmer – zu Lëtzebuerg geschwat? Dësen neie Sproochatlas dokumentéiert et. An de 60-er a 70-er-Jore vum viregte Joerhonnert ass den Alain Atten queesch duerch d’Lëtzebuerger an duerch d’Areler Land gezunn, fir gewuer ze ginn, wéi d’Leit, déi ëm 1900 gebuer waren, géife schwätzen. Seng Recherchen iwwer déi sëllege lokal Sproochvariante gehéieren zu de wäertvollste Stäipe vum Sproochmates. Wonnerbar kartograféiert vum Claude Schmit si se elo fir jiddereen erreechbar a liicht ze verstoen. Eng Zäitrees duerch d’Dialekter, déi een esou bal net vergësst.
  • Band II : Wuertatlas
    ISBN 978-9-9987-799-3-8
    Päiperlek, Pimpampel oder Millermoler? Dësen zweete Band vum Sproochatlas 1900, de Wuertatlas, dokumentéiert déi lexikalesch Variatioun am Lëtzebuergeschen. An de 60er- a 70er-Jore vum viregte Joerhonnert ass den Alain Atten queesch duerch d’Lëtzebuerger an duerch d’Areler Land gezunn, fir gewuer ze ginn, wéi d’Leit, déi ëm 1900 gebuer waren, fir Honnerte vu Planzen, Déieren, Objeten an Handlunge géife soen. D’Kaarten, déi de Claude Schmit op Basis vun där Recherche erstallt huet, gi begleet vun Erklärunge vum Alain Atten an Illustratioune vum Patrick Hallé.

 

Aner Publikatiounen

  • D’Lëtzebuerger Verben
    ISBN 978-99959-1-205-5
  • Eis Sprooch richteg schreiwen
    • op Lëtzebuergesch: ISBN 978-99959-1-132-4
    • op Franséisch: ISBN 978-99959-1-208-6
    • op Englesch: ISBN 978-99959-1-207-9
       
  • Grammaire de la langue luxembourgeoise
    ISBN 978-99959-1-206-2