Aktualiséiert den
Orthografie
D’Lëtzebuerger Orthografie
Déi completéiert an aktualiséiert Lëtzebuerger Orthografie gouf am November 2019 vun der Regierung ugeholl. Se reegelt offiziell d’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi Beräicher, fir déi de Lëtzebuerger Staat zoustänneg ass (Administratiounen, Schoulen). Doduerch dréit se zum Vereenheetleche vun der Schreifweis bäi an hëlleft all deenen, déi sech un der offizieller Orthografie wëllen orientéieren oder se wëlle léieren.
Dir kënnt déi aktuell Oplo vun der offizieller Lëtzebuerger Orthografie als PDF-Datei consultéieren oder eroflueden.
Dir kritt se och gratis als Bichelchen, dat Der Iech kënnt per Mail bestellen: info@zls.etat.lu.
Orthotrainer
Den Orthotrainer ass eng Plattform, op där jiddereen net nëmmen d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch mat Exercicer kann trainéieren, mee sech och déi orthografesch Reegele separat ukucken – a se souguer als PDF eroflueden. De Site bitt e Léierparcours mat iwwer 400 Exercicer, dee spilleresch un d’Orthografie eruféiert an esou motivéiert fir ze léieren.
En ass ausserdeem kontrastoptiméiert a ka mat der OpenDyslexic-Schrëft benotzt ginn.
Den Orthotrainer ass fir jidderee geduecht, dee seng orthografesch Kenntnisser am Lëtzebuergesche wëllt verbesseren. Besonnesch riicht e sech awer u Schüler a Schülerinne vu 4e un, d’Administratiounen an d’Léierpersonal. En ass och eng gutt Virbereedung fir all déi, déi den Zertifikat fir d’Lëtzebuerger Orthografie (ZLO) wëlle maachen.