Nei Optioun fir d’Sproochmaschinn

Nei Optioun fir d’Sproochmaschinn

Normaliséierung vun Transkriptiounen

Nei Optioun fir d’Sproochmaschinn: Normaliséierung vun Transkriptiounen

D’Sproochmaschinn – méi genee d’Schreifmaschinn, also d’Sproocherkennung, mat där geschwate Sprooch an Text kann ëmgewandelt ginn – kritt eng nei Optioun: D’Transkriptioune kënnen elo normaliséiert ginn.

Wat bedeit dat? 

Den Tool transkribéiert d’Lëtzebuergescht standardméisseg esou, wéi et geschwat gëtt. Dat heescht: Regional Varietéiten (z. B. „nek“ amplaz „net“), sougenannten Allegroformen (z. B. „wi“ amplaz „wéi“) a bestëmmte Gespréichspartikelen (z. B. „ëëë“) ginn net automatesch ugepasst oder erausgefiltert, mee mat verschrëftlecht.

Elo gëtt et eng nei Optioun fir déi automatesch Normaliséierung: Andeems Dir an den Astellungen d’Optioun „Normaliséieren“ auswielt, ginn déi genannte Phenomeener un d’Standardschreifweis ugepasst respektiv erausgefiltert.

Wichteg ze wëssen: D’Funktioun fir d’Normaliséierung fänkt Schreifweisen op, déi bekannt an dokumentéiert sinn. Se garantéiert allerdéngs keng feelerfräi Transkriptioun. Mir recommandéieren dofir weiderhin, den Output nach eng Kéier selwer ze kontrolléieren.