Mir sichen d’Wuert vum Joer 2026!

Mir sichen och dëst Joer erëm d’Wuert vum Joer – maacht mat a gewannt mat e bësse Chance e flotte Präis!

No Kënschtlech Intelligenz (2023), Presidententrick (2024) an Trounwiessel (2025): Zesumme mat RTL, mam Radio 100,7, mam Tageblatt a mam Luxemburger Wort siche mir dat Wuert, dat d’Joer 2026 Ärer Meenung no politesch, ekonomesch, kulturell, gesellschaftlech oder sproochlech op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.

Visuell „D’Wuert vum Joer 2026“
© ZLS

Wéi leeft d’Sich nom Wuert vum Joer of? 

Aus der Lëscht mat all de Propose mécht dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist, déi dem Jury virgeluecht gëtt. Den Haaptkrittär beim Choix ass d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt ginn ënner anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.

Am Jury sinn:

  • jeeweils ee Vertrieder resp. eng Vertriederin vun RTL, vum Radio 100,7, vum Tageblatt a vum Luxemburger Wort;
  • de President vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL);
  • de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch;
  • ee Vertrieder resp. eng Vertriederin vum ZLS.

Dir hutt bis den 30. November Zäit, eis Är Proposen eranzeschécken: Formulaire – Wuert vum Joer 2026

A wann Der wëllt, kënnt Der dobäi och nach e flotte Präis gewannen: Um Enn vun der Aktioun ginn dräi Gewënner per Auslousung  bestëmmt.

D’Reglement vum Gewënnspill fannt Dir enner follgendem Link: Reglement – Gewënnspill (422 Kb)

Maacht elo Är Propos fir d’Wuert vum Joer 2026!