MultiLAwa: Kandidaten a Kandidatinne fir Doktorater gesicht!

Am Kader vum Fuerschungsreseau MultiLAwa gi Kandidaten a Kandidatinne fir Doktorater gesicht.

MultiLAwa steet fir „Multilingual Language Awareness in the European Digital Society“ an ass e grousse Fuerschungsprojet, deen am Ganze 14 Dissertatiounsprojeten ëmfaasst.

Visuel MultiLAwa
© MultiLAwa

Ee vun dëse Projete beschäftegt sech mat der Sproochpolitik a Frankräich, an Däitschland an zu Lëtzebuerg a gëtt vun der Prof. Hélène Vinckel-Roisin vun der Université de Lorraine an dem Prof. Henning Lobin vun der Universität Mannheim betreit:

„Language policies in France, Germany and Luxembourg: A Multidimensional Comparative Analysis of Institutional Actors and CMLA“
(→ Individual research project [IRP] 7; Scientific work package [WP] 2)

Am Kader vum Dissertatiounsprojet ass nieft engem Fuerschungsopenthalt am Leibniz-Institut für Deutsche Sprache (IDS) och een am ZLS virgesinn.

Méi Informatiounen iwwer de Fuerschungsprojet fannt Dir hei: https://www.multilawa.eu/about/

Hei fannt Dir ausserdeem eng Iwwersiicht vun all den Doktorater, déi am Kader vum Projet MultiLAwa tëscht 2026 an 2030 ugebuede ginn: https://www.multilawa.eu/open-phd-positions/

D’Bewerbungsfrist ass den 8. Juli 2026.